Systemateschen Elementsnumm

provisoresch Bezeechnung fir cheemesch Elementer From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

E systemateschen Elementsnumm ass e provisoreschen Numm fir e cheemescht Element.

En Element kritt säin definitiven Nimm eréischt, nodeems seng Entdeckung confirméiert gouf. Well et an der Vergaangenheet zu Kontroversen iwwer d'Confirmatioun gouf, huet d'IUPAC (International Union of Pure and Applied Chemistry) e Schema fir provisoresch Elementsnimm erausginn.

IUPAC-Reegelen

Déi provisoresch Nimm gi systematesch vun der Atomnummer ofgeleet. All Ziffer gëtt an eng numeeresch Wuerzel (oder Stammwuert, racine numérique) iwwersat (kuckt d'Tabell). D'Wuerzele ginn dann an der Reiefolleg vun den Zifferen zesummegesat an hale mam Suffix -ium op.

Ausnamen:

  • Wann no bi oder tri de Suffix -ium steet (zum Beispill, wann déi lescht Ziffer 2 oder 3 ass), ass d'Resultat -bium oder -trium, net biium oder -triium;
  • Wann nil hannert enn kënnt (zum Beispill, an der Sequenz -90-), ass d'Resultat ennil-, an net ennnil-.
Méi Informatiounen Ziffer, Wuerzel ...

D'Stammwierder ginn aus laténgeschen a griicheschen Zifferen ofgeleet a goufen esou gewielt, datt s'all mat engem anere Buschtaf ufänken. Déi provisoresch Symboler bestinn aus den Ufanksbuschtawe vun de Stammwierder.

Méi Informatiounen Uerdnungszuel, Numeeresch Wuerzelen ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Systemateschen Elementsnumm – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads