Elementsymbol

Ofkierzung fir eenzel Atomer vun engem cheemeschen Element From Wikipedia, the free encyclopedia

Elementsymbol
Remove ads

Elementesymboler ginn an der Chimie als Ofkierzung fir eenzel Atomer vun engem cheemeschen Element benotzt a besti prinzipiell aus engem oder zwéi Buschtawen. Wann d'Symbol aus zwéi Buschtawe besteet, gëtt den éischte Buschtaf grouss an deen zweete kleng geschriwwen.

Thumb
Dem Dalton säi Symbol fir Magnesium, haut Mg

Systematesch Elementennimm si provisoresch Elementesymboler fir Elementer, deenen hiren Numm nach net definitiv bekannt ass. Se bestinn aus dräi Buschtawen a ginn aus der Uerdnungszuel vum Element ofgeleet, woubäi laténgesch oder griichesch Zuele gebraucht ginn. Sou gëtt zum Beispill d'Element mat der Uerdnungszuel 119 als Ununennium mam Symbol Uue gefouert.

D'Elementesymboler sinn international vun der International Union of Pure and Applied Chemistry (IUPAC) festgeluecht a ginn och a Sprooche benotzt, déi d'laténgescht Alphabet net gebrauchen.

Remove ads

Geschicht

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am Joer 1787 huet de Jean-Henri Hassenfratz zesumme mam Pierre-Auguste Adet eng cheemesch Zeechesprooch erfonnt, déi ënner anerem den Aggregatzoustand vun enger Substanz illustréiert huet. Se hunn dofir Zeeche wéi , , , oder laténgesch Majuskele wéi , gebraucht[1].

Uganks vum 19. Joerhonnert huet den John Dalton dëse System vereinfacht, andeems e fir d'éischt Kéier tëscht Elementer a Verbindungen ënnerscheet huet. 1814 huet dunn de Jöns Jakob Berzelius déi haiteg Symbolik agefouert, andeems en dem Dalton seng Symboler mam Ufanksbuschtaf vum laténgeschen Elementnumm ersat huet. Bei verschiddenen Elementer gouf nach en zweete Buschtaf drugehaangen, wa schonn en anert Element dee selwechten Ufanksbuschtaf hat.

Remove ads

Beispiller

  • B = Bor
  • Mg = Magnesium
  • As = Arsen

Elementsymboler déi aus aneren Ufanksbuschtawe wéi dem lëtzebuergeschen Elementnumm bestinn (Auswiel)

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Elementsymbol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads