Televisa

mexikanesch Mediefirma From Wikipedia, the free encyclopedia

Televisa
Remove ads

Televisa ass eng mexikanesch Mediefirma mat Sëtz an der Stad Mexiko. Se ass op der Índice de Precios y Cotizaciones (IPC) op der Bolsa Mexicana de Valores an um New York Stock Exchange gelëscht.[1]

op ee Bléck Grënnungsdatum, Sëtz ...

D'Mediegrupp dominéiert den Televisiounsmaart a Mexiko, dat gréisst spueneschsproochegt Land op der Welt, mat engem Publikumsquotient vu 60 bis 85 Prozent. Se huet och Aktivitéiten an anere latäinamerikanesche Länner an exportéiert haaptsächlech Telenovelas an iwwer 75 Länner[2].

Remove ads

Geschicht

D'Firma gouf 1955 ënner dem Numm Telesistema Mexicano vun den dräi Virgängerkanäl XHTV-TV, XEW-TV an XHGC-TV gegrënnt. Televisa ass am Besëtz vun der mexikanescher Geschäftsfamill Azcárraga.


Ee vun de bekanntste Programmer zënter 1970 ass den Neiegkeetsprogramm "24 Horas".[3]

Tëleessender

Televisa bedreift momentan déi follgend véier Kanäl a Mexiko:

  • Canal de las Estrellas
  • Canal 5
  • Galavision
  • 4tv vun

Televisa bedreift och verschidde Satellitekanäl iwwer seng Duechtergesellschaft Televisa Networks:

  • Bandamax
  • Canal de las Estrellas Niños
  • Cinema Golden Choice 1 and 2
  • De Película
  • De Película Classico
  • Ritmoson Latino
  • TLNovelas
  • TeleHit
  • American Network
  • Unicable

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads