Terville

franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Terville
Remove ads

Terville, (lb: Tierwen; de: Terwen) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

An der Gemeng, déi zum Arrondissement Thionville, am Kanton Thionville gehéiert, liewe 6.553 Awunner (Stand 1999).

Terville huet ënner dem Numm Terven vun 925 bis an d'13. Joerhonnert zur Grofschaft Lëtzebuerg gehéiert.

Remove ads

Jumelagen

Terville huet ee Jumelage deen e bësselchen aus der Rei fält. Dëst ass well de Jumelage net mat enger Stad oder Gemeng ass, mä mat enger Arméiskompanie.

Terville war schonn zanter enger Rei vu Jore mat der 5. Kompanie vum 40. Transmissiounsregiment vun Diddenuewen jumeléiert. Duerch intern Ëmstrukturéierungen am Regiment gouf dat geännert an déi 3. Kompanie huet dës Plaz iwwerdroe krut. Dat neit Dokument doriwwer gouf am Juni 2006 vum Buergermeeschter Patrick Luxembourger, dem Colonel Teisseire an dem Kompanieskommandant dem Capitaine Maitre ënnerschriwwen.

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads