The Artist
franséisch-US-amerikanesch-belsche Film From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
The Artist ass e franséisch-US-amerikanesch-belsche[1] schwaarzwäisse Stommfilm vum Michel Hazanavicius, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. En ass den 12. Oktober 2011 a Frankräich an de Kinoen ugelaf.
Remove ads
Wourëms geet et am Film?
De Film, deen um Enn vun den 1920er Joren zu Hollywood spillt, erzielt den Niddergang vun engem Stommfilmstar, dem George Valentine (Jean Dujardin), wéi den Tounfilm bis agefouert gouf, a parallel dozou den Opstig vun enger Dänzerin, der Peppy Miller (Bérénice Bejo), zu engem Hollywoodstar, a wéi sech hir 2 Weeër kräizen...
Iwwer de Film
De Film ass en Hommage un d'Stommfilm-Ära zu Hollywood, souwuel vun der Geschicht hier, wéi och vun der Form: De Film ass selwer a Schwaarzwäiss, am Stommfilmformat 1.25: 1 gedréint, an et gëtt sou gutt e wéi keen natierlechen Toun, just Musek, déi de Film ënnermoolt, a geleeëntlech en Tëschentitel.
De Film ass meeschtens e gellege Succès bei der Kritik, an huet eng jett Präisser an Auszeechnunge kritt: Interpretatiounspräis um Festival vu Cannes 2011, ë. a. 3 Golden Globes (bescht Comédie, beschte Schauspiller, bescht Musek), 7 BAFTA-Awards (wourënner Beschte Film, bescht männlech Haaptroll, bescht Kamera, bescht Dréibuch) 6 Césaren (dorënner beschte Film, bescht Regie a bescht Schauspillerin) a 5 Oscaren (dorënner dee fir de beschte Film an déi bescht männlech Haaptroll).
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
