The Third Man
Film vum Carol Reed (1949) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
The Third Man ass e brittesche Film vum Carol Reed aus dem Joer 1949.
Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
Den Holly Martins kënnt op Aluedung vu sengem Frënd Harry Lime an dat nom Zweete Weltkrich besate Wien. Hei kritt hie gesot säi Frënd Harry wir duerch en Autosaccident ëm d'Liewe komm.
Zitater
- In Italy, for thirty years under the Borgias, they had warfare, terror, murder, bloodshed - they produced Michelangelo, Leonardo da Vinci and the Renaissance. In Switzerland, they had brotherly love, five hundred years of democracy and peace, and what did that produce? The cuckoo clock. (Harry Lime zum Holly Martins)
- fräi iwwersat: "Ënner de Borgiaen haten s'an Italien drësseg Joer laang Krich, Terror, Muerd an Doutschlag; dat huet d'Renaissance, de Michelangelo an de Leonardo vu Vinci mat sech bruecht. An der Schwäiz hate se Frëndschaft, fënnefhonnert Joer Demokratie a Fridden, a wat ass dobäi erauskomm? D'Guckucksauer." (Historesch stëmmt dat net; d'Guckucksauer kënnt aus dem "Schwarzwald" am Südweste vun Däitschland.)
Remove ads
Triviales
- Zum Schluss vum Film kucken net dem Orson Welles seng Hänn aus de Gulli mä dem Regisseur Carol Reed seng. Den Orson Welles hat d'Dréiaarbechten schonn verlooss, wéi déi Zeen gedréint ginn ass.
- De Carol Reed wollt d'Roll vum Holly Martens un den James Stewart ginn, den David O. Selznick huet awer de Joseph Cotten durchgesat.
Gielercher
- Palme d'or 1949 um Filmfestival vu Cannes
- Oscar 1950 fir déi bescht Kameraarbecht fir de Robert Krasker
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
