Thelxinoe (Mound)

Jupitermound From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Mound Thelxinoe (Jupiter XLII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Séier Fakten Provisoresch odersystematesch Bezeechung, Zentralkierper ...
Remove ads

Entdeckung

Den Thelxinoe gouf am Joer 2004 op Fotoen entdeckt, déi den 9. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii gemaach goufen. De Mound krut den 30. Mäerz 2005 vun der I.A.U. den offiziellen Numm Thelxinoe, sou genannt no der Thelxinoe, enger titanescher Mus.

Bunndaten

Den Thelxinoe kreest a 628 Deeg an 43 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 21.162.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2206. Mat enger Inklinatioun vun 151,4° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Thelxinoe zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.

Remove ads

Physikalesch Daten

Den Thelxinoe huet en Duerchmiesser vun 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,5m.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads