Thun

Stad a Gemeng am Kanton Bern an der Schwäiz From Wikipedia, the free encyclopedia

Thun
Remove ads

D'Stad Thun (frz. Thoune) ass d' Haaptuertschaft vum Bezierk Thun, deen hiren Numm dréit a gehéiert zum Schwäizer Kanton Bern. Thun huet 43.905 Awunner (Stand 31. Dezember 2023)[1],[2] a läit do wou d'Aare aus dem Thunerséi leeft.

op ee Bléck Land, Awunner ...

Nieft dem Tourismus huet de Maschinnen- an Apparatebau, d'Liewensmëttelindustrie an d'Verlagswiesen eng wichteg wirtschaftlech Bedeitung. Thun ass och déi gréisst Garnisounsstad vun der Schwäizer Arméi.

Remove ads

Geographie

Den historesche Stadtkär läit net direkt um Thunerséi, mä ongeféier ee Kilometer vun deem ewech un der Aare. D'Alstad besteet aus dem Schlassbierg, wou d'Schlass an d'Kierch vun der Stad stinn, an och de Bälliz läit, eng Insel an der Aare, do wou se aus dem Thunerséi kënnt. De Bälliz gehéiert zanter dem 14. Joerhonnert zur Stad. Zanter 1988 ass de Bälliz eng Foussgängerzon. Haut ass et net nëmmen déi wichtegst Akafs- a Maartgässel vun der Stad, mä och eng kulturell Insel, déi besonnesch am Summer vun Touriste staark opgesicht ass.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Thun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads