Tiger Fernandez
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Tiger Fernandez war eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi tëscht 1999 an 2003 existéiert huet. Si huet engleschsproochege Pop-Rock an Alternative Rock gemaach.
D'Band gouf Enn 1999 vum Simon Ramos (Gesank, Gittar), dem Claude (Batterie) an dem Victor Ferreira (Bass, Samples) gegrënnt. Ufank 2000 ass de Gull (Gittar) derbäikomm, mä hien huet d'Grupp wéinst sengem Studium erëm am September verlooss an ass duerch de Pi ersat ginn.[1]
Tiger Fernandez huet een Titel um Kompilatiounsalbum Made In Luxembourg 2000 an dräi EPen um Lëtzebuerger Label Own Records verëffentlecht. 2001 huet d'Band déi lëtzebuergesch Editioun vum Emergenza Festival gewonnen an ass op déi 10. Plaz an der europäescher Finall komm.[2] Hir lescht Opnam, The Final EP, ass eréischt ee Joer no der Opléisung vun der Grupp erauskomm.
De Victor Ferreira huet méi spéit eng Solocarrière als Sug(r)cane a Sun Glitters ugefaangen.[3]
Remove ads
EPen
- 2000: Tiger Fernandez
- 2002: Leave the Left Leaf
- 2004: The Final EP
Um Spaweck
Referenzen
- Presentatioun op rhaaalovely.net (2002; gekuckt de 17. Januar 2014)
- woxx.lu: NOISY POP-ROCK: Tiger Fernandez vum Germain Kerschen (14. Dezember 2001; gekuckt de 17. Januar 2014)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads