Tignous

franséische Karikaturist a Graphiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Tignous
Remove ads

De Bernard Verlhac, bekannt ënner sengem Pseudonym Tignous, gebuer den 21. August 1957 zu Paräis[1] a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséische Karikaturist a Graphiker.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Den Tignous huet fir verschidden Zäitschrëfte geschafft, dorënner Charlie Hebdo, Marianne a Fluide glacial. Hien huet och d'Illustratioune vun de Rollespiller Rêve de dragon an där éischter Editioun vu MEGA gemaach, sou wéi och fir de Magazine Casus Belli.

Den Tignous ass de 7. Januar 2015 beim Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert ginn.

Remove ads

Wierker

  • 1991: On s'énerve pour un rien, éditions La Découverte
  • 1999: Tas de riches, éditions Denoël
  • 2006: Le Sport dans le sang, éditions Emma Flore
  • 2008: C'est la faute à la société, collectif, éditions 12 bis
  • 2008: Le Procès Colonna, éditions 12 bis
  • 2010: Pandas dans la brumes, éditions Glénat
  • 2010: Le Fric c'est capital, éditions 12 bis
  • 2011: Cinq ans sous Sarkozy, éditions 12 bis

Um Spaweck

 Commons: Tignous – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads