Tom Barrett

amerikanesche Politiker (1953–) From Wikipedia, the free encyclopedia

Tom Barrett
Remove ads

Den Thomas Mark Barrett, gebuer den 8. Dezember 1953 zu Milwaukee am Wisconsin, ass en US-amerikaneschen Diplomat a Politiker (Demokratesch Partei).

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hie war vun 1984 bis 1989 Deputéierten am Parlament vum Wisconsin, vun 1989 bis 1989 am Senat vun deem Staat a vun 1993 bis 2003 Deputéierten am Representantenhaus vum amerikanesche Kongress.

De 6. Abrëll 2004 gouf den Tom Barrett de 40. Buergermeeschter vun der Stad Milwaukee a gouf duerno bei de Walen 2008, 2012, 2016 an 2020 allkéiers erëmgewielt.

Remove ads

US Ambassadeur zu Lëtzebuerg

De 25. August 2021 huet den amerikanesche President Joe Biden den Tom Barrett fir d'Plaz vum Ambassadeur zu Lëtzebuerg proposéiert. De Senat huet hien de 16. Dezember 2021 confirméiert an e gouf doropshin den 23. Dezember 2021 a sengem Amt vereedegt. Hien ass den 28. Januar 2022 zu Lëtzebuerg ukomm an huet den 10. Februar 2022 dem Groussherzog seng Lettres de créance iwwerreecht.

Den Tom Barrett huet de Republikaner Randy Evans als Ambassadeur ofgeléist. Nodeems den Donald Trump am November 2024 erëmgewielt gi war, ass den Tom Barrett am Januar 2025 an de Milwaukee hannescht gaangen. D'Stacey Woolf Feinberg gouf säin Nofollger op deem Posten.[1]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Tom Barrett – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads