Tom Habscheid

lëtzebuergesche Sportler From Wikipedia, the free encyclopedia

Tom Habscheid
Remove ads

Den Tom Habscheid, gebuer den 11. August 1986[1], ass e lëtzebuergesche Kugelstéisser.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Den Habscheid ass zu Useldeng opgewuess. Hien huet eng Bäckeschléier gemaach. Hien huet verschidde Sportaarten ausprobéiert hat, wéinst engem ugebuerene verkierzte Been huet en awer zum Beispill de Foussball missen opginn. Vun de d'Paralympesche Summerspiller inspiréiert, huet hie sech fir Liichtathletik interesséiert a gouf Member vum Celtic Dikrech an huet sech do op verschidde Worfdisziplinnen, wéi Kugelstoussen an Diskusworf, spezialiséiert. 2013 konnt hie, well hien eng Wildcard krut, eng éischt Kéier op de Weltmeeschterschaften deelhuelen a gouf do Fënneften. 2014 huet hien de World Cup am Diskusworf gewonnen. 2015 ass hie bei den CA Diddeleng gewiesselt.[2] 2016 huet hie bei de Paralympics matgemaach a koum op déi 7. Plaz.

Bei der WM 2019 gouf hien Zweeten an huet sech domat fir d'Paralympesch Spiller zu Tokio 2020 qualifizéiert.[3] Bei där WM huet hien en neie Weltrekord an der Kategorie F63 opgestallt.[4] Bei de Paralympesche Summerspiller, déi op 2021 verréckelt gi waren, war hien deen eenzege Lëtzebuerger a gouf an der Kugelstouss-Competitioun de Véierten.[5],[6] Kuerz drop huet hie bekannt gemaach, datt e mat senger internationaler Karriär ophale wéilt.[7]

2024 huet hien dunn awer nees un de Paralympesche Summerspiller zu Paräis deelgeholl an huet bei der Ouverturesfeier nieft der Katrin Kohl de Lëtzebuerger Fändel gedroen.[8] Hien huet do d'Bronze-Medail am Kugelstousse gewonnen.[9]

Remove ads

Éierungen

Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Leandro Barreiro 2024 Ruben Querinjean

Um Spaweck

 Commons: Tom Habscheid – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Dubai 2019 World Para Athletics Championships op paralympics.com, nogekuckt 23.08.2023
  2. Tom Habscheid wonsch.lu, nogekuckt: 23.08.2021
  3. Tom Habscheid participera aux Paralympics à Tokyo. sportspress.lu,nogekuckt.23.08.2021
  4. Tom Habscheid Sets New Paralympic Shot Put World Record . chronicle.lu, nogekuckt: 23.08.2021.2021.
  5. Vorstellung „Team Tokyo Paralympics Luxembourg“ | paralympics.lu, nogekuckt: 23.08.2021
  • D'Ursprongsversioun vun dësem Artikel ass eng Iwwersetzung (liicht adaptéiert) vun de:Tom Habscheid an der Versioun vum 05.12.2024. D'Auteuren stinn do am Historique.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads