Tour Solidor

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tour Solidor
Remove ads

De Festungstuerm Tour Solidor ass e Buergfrid deen aus dräi Tierm besteet, déi duerch Courtinë matenee verbonne sinn. E läit um rietsen Uwänner vum Floss Rance an der Gemeng Saint-Servan. E gouf tëscht 1369 an 1382 vum bretoneschen Herzog Jang IV. gebaut fir eng besser Kontroll iwwer d'Rance ze hunn, zu der Zäit, wéi Saint-Malo géint hie rebelléiert huet.

Thumb
Tour Solidor vu St. Malo aus gesinn, hannen am Bild de Barrage de La Rance

Spéider gouf en als Prisong benotzt an haut ass e Musée dran. An deem Musée si Kollektiounen iwwer d'Navigatioun am Laf vun der Zäit ze gesinn, an Erënnerungen un d'Cap Horniers.

Éier de Barrage de la Rance bestanen huet, goung vun der Cale Solidor déi dernieft läit, reegelméisseg eng Pont iwwer d'Rance op Dinar.

Remove ads

Kuckt och

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads