Tour de France 2010

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tour de France 2010
Remove ads

Déi 97. Editioun vum Tour de France gouf 2010 vum 3. bis de 25. Juli gefuer. D'Course hat eng total Distanz vun 3.642 Kilometer. 197 Coureure sinn an 22 Ekippen un den Depart gaangen, 170 dovun hunn et och iwwer d'Zillinn gepackt.

Séier Fakten

Gewonne gouf den Tour, grad wéi deen d'Joer virdrun, vum Spuenier Alberto Contador. Zweete gouf den Andy Schleck, drëtten de Russ Denis Menschow.

De 6. Februar 2012 huet den Tribunal Arbitral du Sport zu Lausanne an engem Urteel de Contador fir 2 Joer wéinst Doping gespaart, an him ë. a. den Titel vum Gewënner vum Tour de France 2010 oferkannt. Domat ass den Andy Schleck annerhalleft Joer duerno als Vainceur „nogerëtscht“.

De brittesche Sprinter Mark Cavendish huet fënnef Etappe gewonnen, an der Lutte ëm de gréngen Trikot gouf hien awer just den Zweeten hanner dem Italieener Alessandro Petacchi.

Beschte Grimpeur gouf de Fransous Anthony Charteau, viru sengem Landsmann Christophe Moreau an dem Andy Schleck.

De wäissen Trikot vum beschte jonke Coureur hat den Andy Schleck zanter der siwenter Etapp an e sollt en, wéi déi zwee Joer virdrun, och net méi hierginn.

De Präis vum Super combatif goung un de Fransous Sylvain Chavanel.

Als beschten Ekipp huet sech d'Team RadioShack erausgestallt.

Thumb
Déi 9. Etapp, v.r.n.l.: Armstrong, Schleck, Contador.
Remove ads

Streck

Um Programm stoungen néng Flaachetappen, véier Etappe mat Hiwwelen a sechs Biergetappen, dorënner der dräi mat Biergarrivée.

Ongewéinlech war beim Tour 2010, datt et ausser beim Prolog just nach een Eenzelzäitfuere gouf. En Ekippenzäitfuere war iwwerhaapt net virgesinn.

Haart Kritik un den Organisateure gouf et, well verschidde Strecken och iwwer Pavé gefouert hunn, wou vill Coureure gefall sinn, dorënner och de Fränk Schleck, dee sech dobäi d'Schlësselbeen gebrach huet.

Remove ads

Etappen

Méi Informatiounen Etapp, Datum ...
Remove ads

Ekippen

ProTeams (18)
  • FRA AG2R La Mondiale
  • KAZ Astana
  • ESP Caisse d'Épargne
  • ESP Euskaltel-Euskadi
  • FRA FDJ
  • ESP Footon-Servetto
  • USA Garmin-Transitions
  • USA HTC-Columbia
  • RUS Katusha
  • ITA Lampre-Farnese Vini
  • ITA Liquigas-Doimo
  • BEL Omega Pharma-Lotto
  • BEL Quick Step
  • NED Rabobank
  • USA Team RadioShack
  • DEN Saxo Bank
  • GBR Sky
  • GER Team Milram
Professionell Kontinentalekippen (4)
  • FRA Bbox Bouygues Télécom
  • USA BMC Racing Team
  • SUI Cervélo TestTeam
  • FRA Cofidis, le Crédit en Ligne

Generalklassement

Méi Informatiounen Generalklassement, Coureur ...



Tour de France
1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Tour de France 2010 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads