Tracy Chapman
US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Tracy Chapman, gebuer den 30. Mäerz 1964 zu Cleveland am Ohio, ass eng US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin.
Si gouf bekannt duerch hiren Optrëtt beim Nelson Mandela 70th Birthday Tribute Concert den 11. Juni 1988 am Wembley-Stadion zu London, wou si fir de Stevie Wonder agespronge war, dee wéinst enger technescher Pann net sange konnt, an dobäi solo mat hirer akustescher Gittar e puer Lidder vun hirem Debut-Album gespillt huet. Am selwechte Joer ass si mam Peter Gabriel, Bruce Springsteen, Sting a Youssou N’Dour fir Amnesty International op Tournee gaangen.
Hir Texter sinn dacks sozialkritesch, de Stil ass Folk Rock.
Remove ads
Discographie
Alben
- Tracy Chapman 1988
- Crossroads 1990
- Matters of the Heart 1992
- New Beginning 1995
- Telling Stories 2000
- Collection 2001
- Let It Rain 2002
- Where You Live 2005
- Our Bright Future 2008
Um Spaweck
| Commons: Tracy Chapman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (engl.)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
