Trennfeld
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Trennfeld ass en Deel vun der Maartgemeng Triefenstein am ënnerfränkesche Landkrees Main-Spessart.
Remove ads
Geographie
Lag
Trennfeld läit um rietsen Uwänner vum Main tëschent Marktheidenfeld a Wertheim. Um Gebitt vun der Gemarkung Trennfeld läit den Uert Trennfeld, d'Siidlung Trennfeld-Bahnhof an d'Klouschter Triefenstein, dat der neier Gemeng den Numm ginn huet.
Hydrographie
Um Gebitt vun der Gemarkung fléissen den Altfelder Graben an de Klingelsbachgraben am Norde wéi och de Weidbach an den Hartsgraben am Süden an de Main. Ausserdeem lafen den Eichenfürster Bach am Norden an de Wittbach am Westen duerch d'Gebitt vun der Gemarkung. Tëschent dem Uert an Trennfeld-Bahnhof läit de Klostersee e 15,5 ha grousse Baggerweier vum Miltenberger Industriewerk aus den 1970er Joren, wou haut e Fräizäitgebitt ass a wou och gefëscht ka ginn. De Séi ass fir seng grouss Welse bekannt. Ausserdeem leien am Weste vum Duerf laanscht de Weidbach, um Terrain vun enger Kiselcarrière, nach e puer Baggerweieren.
Remove ads
Nopeschgemarkungen
Nopeschgemarkunge vun Norden am Auerzäresënn sinn Altfeld, Glasofen, Marktheidenfeld, Lengfurt, Homburg am Main, Bettingen, Kreuzwertheim, Unterwittbach a Rettersheim[1].
Geschicht
Trennfeld war bis den 30. Juni 1972 eng eegestänneg Gemeng am Landkrees Marktheidenfeld an duerno bis den 30. Abrëll 1978 am Landkrees Main-Spessart.
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads