Triathlon

Ausdauersportaart, déi aus den Disziplinne Schwammen, Vëlofueren a Lafe besteet From Wikipedia, the free encyclopedia

Triathlon
Remove ads

Triathlon ass eng relativ rezent Kompetitiounssportaart, déi dora besteet, dräi Sportsdisziplinnen hannereneen um Stéck ze absolvéieren: Schwammen, Vëlofueren a Lafen, woubäi d'Zäit vum Ufank bis zum Schluss gekuckt gëtt. D'Wuert ass aus de griichesche Wierder tri (dräi) an athlon (Kompetitioun) zesummegesat. Leit, déi dëse Sport maachen, ginn Triathleete genannt.

Séier Fakten Typ, Olympesch Sportaart ...
Thumb
Schwammen, Vëlo, Lafen

En ass a senger moderner Form 1974 an den USA entstanen a huet sech zanterhier uechter d'ganz Welt verbreet. 2000 gouf en zu enger olympescher Disziplin.

Remove ads

Reegelen

D'Basisreegele vum Triathlon sinn einfach: d'Participante schwammen, fuere Vëlo a lafen eng gewësse Streck an enger Kompetitioun bis s'am Zil sinn. Et gëtt verschidden Distanze fir en Triathlon, dorënner:

  • op den Olympesche Spiller: 1.500 Meter schwammen, 40 km vëlofueren a 5 km lafen.
  • bei den Triathlon-Weltmeeschterschaften, iwwer déi sougenannt Sprintdistanz, sinn et: 750 m schwammen, 6,8 km mam Vëlo fueren an 2 km lafen
  • bei der gemëschter Staffel ass et fir all Triathleet: 300 m schwammen, 6,8 km mam Vëlo fueren an 2 km lafen
  • fir en Ironman Triathlon gëllt: 3,9 km schwammen, 180,2 km vëlofueren an 42,2 km lafen.

Um internationale Plang gëtt dëse Sport duerch d'Fédération internationale de triathlon (ITU) gereegelt.

Remove ads

Triathlon zu Lëtzebuerg

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Fédération Luxembourgeoise de Triathlon këmmert sech ëm quasi all Aspekter vun de Kompetitiounen zu Lëtzebuerg an ass déi zentral Ulafstell.

An der nach verhältnisméisseg jonker Geschicht vum Triathlon, konnte schonn eng Rëtsch Lëtzebuerger Triathleeten international gutt Resultater erreechen: Nancy Arendt, Dirk Bockel, Liz May a nach aner.

Am Joer 2023 gouf d'Jeanne Lehair Europameeschterin.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Triathlon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads