Dirk Bockel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Dirk Bockel, gebuer den 18. Oktober 1976 zu Waiblingen an Däitschland, ass en Triathleet an Olympionik[1].
2006 krut hien duerch Naturalisatioun déi lëtzebuergesch Nationalitéit[2] a war vum 1. Januar 2006 bis 19. Mäerz 2017 Sportzaldot an der Section sports d'élite de l'armée (SSEA).
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 2008 zu Peking vertrueden[3].
2012 an 2013 stoung den Dirk Bockel beim Team Leopard-Trek ënner Vertrag, wat gläichzäiteg déi éischt Kéier an der Geschicht vum Triathlon war, datt een Athleet an engem professionelle Vëlossportteam ass[4]. Hie krut 2013 den Titel vum Sportler vum Joer.
Den Dirk Bockel war duerno vun 2014 bis Enn 2015 ënner Vertrag bei der Ekipp Uplace BMC Pro Triathlon Team. Zanter engem duebelen Ermiddungsbroch am Juni 2015 huet hie weider keng gréisser Resultater méi Opweises. Am Januar 2017 huet hien dunn och ugekënnegt, mam Profisport opzehalen[5]. Wärend senger Zäit als Profisportler huet hien de gréisseren Deel vu senger Zäit an den USA (virun allem Florida an am Arizona) gelieft an trainéiert.
Zanter datt hien als Sportler opgehalen huet, schafft hien als Educateur mat Jugendlechen zesummen an engagéiert sech als Expert fir verschidden Evenementer an Organisatioune ronderëm den Triathlon[6].
Den Dirk Bockel ass bestuet a Papp vun engem Meedchen[6].
Remove ads
Palmarès
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Laurent Carnol | 2013 | Gilles Müller |
Referenzen
- Hermes, S., 2017.Bockels Fuß will nicht mehr. Beschwerden zwingen Triathleten zum Rücktritt. Luxemburger Wort vum 7./8. Januar 2017, Sb65.
- Den Dirk Bockel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 19.11.2010. Gekuckt den 19.07.2011.
- "Dirk Bockel beendet seine Karriere." tageblatt.lu, 06. Januar 2017 14:26; Akt: 06.01.2017 15:06.
- VIDEO - Dirk Bockel - Dat neit Liewen nom Enn vum Profisport Reportage op rtl.lu, fir d'lescht gekuckt den 30. Dezember 2018
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads