Tucana (Stärebild)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tucana (Stärebild)
Remove ads

Den Tukan (lat.: Tucana) ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.

Méi Informatiounen Date vum Stärebild Tucana ...
Remove ads

Beschreiwung

Den Tukan läit südlech vum Stärebild Grus. Et ass kee markant Stärebild, nëmmen ee Stär ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

Am Südoste steet déi opfälleg Kleng Magellanesch Wollek, eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss an dem Kugelstärekoup 47 Tucanae.

Geschicht

Den Tukan gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. D'Stärebild soll een exotesche Vull duerstellen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.

Himmelsobjeten

Stären

Méi Informatiounen B, F ...

Den α Tucanae ass e Stär, deen orange liicht an 199 Liichtjoer wäit vun eis ewech läit. Seng Spektralklass ass K3 III. Et handelt sech ëm en enken Duebelstäresystem. D'Existenz vum Begleeder, deen den Haaptstär an 11,5 Joer ëmkreest, konnt nëmmen duerch déi exakt Miessung vun der Eegebeweegung nogewise ginn.

Duebelstären

Méi Informatiounen System, m ...

Den zweethellste Stär, de β Beta Tucanae, huet eng Gréisst vun 3,7m. Et handelt sech ëm ee Méifachstäresystem op enger Distanz vun 140 Liichtjoer, a besteet aus sechs Stären. Déi dräi hellst hunn d'Bezeechnunge β1, β2 an β3. De β1 an de β2 ginn och als Beta Tucanae A an Beta Tucanae C bezeechent. Hire Wénkelofstand um Himmel ass 27 Bouminutten, wat engem tatsächlechen Ofstand vun 1.100 Astronomesch Eenheeten (AU) entsprécht. Den β1 huet e Begleeder vun nëmmen 13,5 m, de Beta Tucanae B, op engem Ofstand vun 2,4 Bousekonnen. De Begleeder vum β2, dem Beta Tucanae D, ass e Stär vun der 6. Gréisst op engem Ofstand vun 0,38 Bousekonnen.

Den β3 huet vum β1 an dem β2 een Ofstand vun 9 Bouminutten, wat 0,37 Liichtjoer entsprécht. D'System besteet aus zwéi Stäre vun de Gréisste 5,8 a 6,0m. Well si nëmmen 0,1 Bousekonnen ausernee stinn, kënne si mat engem Teleskop net getrennt ginn.

Den λ Tucanae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 210 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen F7 IV a K2 III.

Verännerlech Stären

Méi Informatiounen Stär, m ...

Den θ Tucanae ass ee verännerleche Stär, deen op enger Distanz vun 210 Liichtjoer läit. Hie gehéiert zum Typ Delta-Scuti. Seng Hellegkeet ännert sech e bësschen iwwer en Zäitraum vun 1,18 bis 1,45 Stonnen.

NGC-Objeten

Méi Informatiounen NGC, divers ...

Den NGC 104, och 47 Tucanae genannt, ass no dem Omega Zentauri den zweethellste Kugelstärekoup m südlechen Nuetshimmel. Hien ass mat bloussem A ze gesinn, an huet mat 20 Bouminutten zwéin Drëttel vum Vollmoundduerchmiesser. E steet zimmlech no bei der Klenger Magellanescher Wollek.

Déi Kleng Magellanesch Wollek (englesch: Small Magellan Cloude (SMC)) ass och een opfällegen Objet um Nuetshimmel. Et ass eng kleng Galaxie mat Stärekéip an Niwwelen, déi eis Mëllechstrooss op enger Distanz vun 200.000 Liichtjoer begleet.

Den NGC 362 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Tucana – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads