Tuvalu

Inselstaat an Ozeanien From Wikipedia, the free encyclopedia

Tuvalu
Remove ads

Tuvalu ass e polyneeseschen Inselstaat am Pazifik. E läit ongeféier an der Mëtt tëscht Hawaii an Australien a besteet aus dräi Riffer a sechs richtegen Atoller. D'Land hat 2021 geschat 9.492 Awunner[1], op enger Landfläch vu 26 Quadratkilometer.

Tuvalu

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Thumb
Offiziell Sprooch: Tuvaluesch, Englesch
Haaptstad: Atoll vu Funafuti
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
  Kinnek: Charles III. vum Vereenegte Kinnekräich
  Premierminister: Feleti Teo
Fläch: 26 km²
Bevëlkerung: 11.900 2021 (194.)
  Bevëlkerungsdicht: 475,88/km²
Onofhängegkeet: 1. Oktober 1978 (vu Groussbritannien)
Nationalhymn: Tuvalu mo te Atua
Wärung: Tuvalueschen Dollar
Australeschen Dollar
Zäitzon: UTC +12
Internet TLD: .tv
Internationalen
Telefonsprefix
:
+688
Remove ads

Geschicht

Déi éischt Awunner op Tuvalu ware Polyneesier. Et gëtt ugeholl, datt se vu Samoa an Tonga op den tuvalueschen Atoll koumen an Tuvalu eng Tëschenetapp fir eng weider Migratioun a Melanesien an a Mikronesie war.

1568 ass de spuenesche Séifuerer Álvaro de Mendaña als éischten Europäer duerch d'Archipel geseegelt, wéi hien op senger Sich no Australien d'Insel Nui gesinn huet. 1819 ass d'Insel Funafuti, déi haut d'Haaptstad vun Tuvalu ass, Ellice Island genannt ginn. Méi spéit ass deen Numm fir all néng Insele benotzt ginn. Am spéiden 19. Joerhonnert sinn d'Ellice Islands an d'Aflossgebitt vu Groussbritannie gefall, nodeems d'Britten an déi Däitsch e Vertrag iwwer d'Demarkatioun vun hiren Aflossgebidder am pazifeschen Ozean ënnerschriwwen haten. Tëscht dem 9. an dem 16. Oktober 1892 sinn all d'Ellice Islands vum Kapitän Gibson zu engem brittesche Protektorat erkläert ginn. Vun 1892 bis 1916 sinn d'Ellice Islands als brittescht Protektorat vun engem "Resident Commissioner" verwalt ginn, als Deel vun de brittesche westpazifeschen Territoiren, a vun 1916 bis 1976 als Deel vun der Kolonie Gilbert and Ellice Islands.

Am Dezember 1974 gouf e Referendum ofgehale fir ze determinéieren, ob d'Gilbert Islands an d'Ellice Islands allebéid hir eege Verwaltung sollte kréien. Als Konsequenz vun deem Referendum huet d'Kolonie vun de Gilbert and Ellice Islands den 1. Januar 1976 opgehale mat existéieren. Tuvalu ass am Kader vum Commonwealth den 1. Oktober 1978 voll onofhängeg ginn. De 5. September 2000 ass Tuvalu den 189. Member vun de Vereenten Natioune ginn.

Remove ads

Geographie

Tuvalu läit ost-nordëstlech vun der Insel Santa Cruz, déi zu de Solomoninsele gehéiert, südëstlech vun Nauru, südlech vu Kiribati, westlech vun Tokelau, nordwestlech vu Samoa a Wallis a Futuna an nërdlech vu Fidschi.

Den Inselstaat ass dicht bewunnt, a besteet aus néng Koralleriffer (dovu sechs Atoller) ouni räichhaltege Buedem, déi wäit ausernee leien. Aacht vun den néng Insele si bewunnt. Tuvalu ass ee vun de klengste Staaten op der Welt, a säin héchste Punkt läit nëmme 4,6 Meter iwwer dem Mier. Doduerch ass d'Land staark vun de Konsequenze vum Klimawandel an dem Klamme vum Mieresspigel betraff[Quell?].

Remove ads

Ekonomie

Wéinst senger klenger Gréisst an der Isolatioun ass Tuvalu bal komplett vun Importer ofhängeg, besonnesch wat Liewensmëttel a Kraaftstoff betrëfft. D'Wirtschaft gëtt vum ëffentleche Secteur dominéiert. Et gëtt wéineg natierlech Ressourcen ausser Fësch. D'Akommes duerch den Export vu Fësch an de Verkaf vu Fëschereilizenzen ass eng bedeitend Geldquell fir d'Regierung. 2013 huet d'Akommes vun de Fëschereilizenzen iwwer 45 % vum Bruttoinlandsprodukt representéiert.

Déi offiziell Hëllef vun auslänneschen Entwécklungspartner ass och wichteg. Tuvalu huet e bedeitende Patrimoine am Ausland. Den Tuvalu Trust Fund, en internationalen Treihandfong, ass 1987 ugeluecht ginn. Säi Wäert ass 2014 op 104 Milliounen US-Dollar geklommen.

De finanziellen Impakt vum Klimawandel an d'Käschte vu klimaspezifeschen Adaptatiounsprojete gëllen als eng grouss zukünfteg Erausfuerderung fir d'Land.

Biller

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads