Val Fitch
US-amerikanesche Physiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Val Logsdon Fitch, gebuer den 10. Mäerz 1923 zu Merriman, am Nebraska, a gestuerwen de 5. Februar 2015 zu Princeton, am New Jersey[1], war en US-amerikanesche Physiker.
Hie krut 1980 zesumme mam James Cronin den Nobelpräis fir Physik "fir d'Entdeckung vu Verletzunge vu fundamentale Symmetrieprinzipie beim Zerfale vun neutrale K-Mesonen".
Hie war zënter 1960 Professer op der Princeton Universitéit. Do huet hie säin Intressi op K-Mesone verlagert. 1964 huet hie mam James Cronin eng Rëtsch Experimenter gemaach, bei där s'entdeckt hunn, datt d'CP-Invarianz beim Zerfall vun neutrale K-Mesone verletzt géif.
De Fitch war zënter 1966 Member vun der National Academy of Sciences.[2]
Nieft dem Nobelpräis fir Physik (1980) krut hien ë. a. 1993 d'National Medal of Science.
Remove ads
Um Spaweck
- Dennis Overbye: "Val Fitch, Who Discovered Universe to Be Out of Balance, Is Dead at 91." The New York Times, 10. Februar 2015.
Referenzen
- Nobel laureate and Princeton physicist Val Fitch dies at age 91. op Princeton.edu, 6. Februar 2015.
- Val L. Fitch. op NasOnline.org.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
