Victor Clube

engleschen Astrophysiker an Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Stace Victor Murray Clube, gebuer den 22. Oktober 1934 zu London, ass en engleschen Astrophysiker an Astronom.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

De Clube, deen a senger Jugend an d'St John's School zu Leatherhead an an d'Christ Church College vun der University of Oxford gaangen ass, war Dekan vun der Astrophysikalescher Fakultéit vu senger Alma Mater an huet an den Observatoirë vun Edinburgh an Armagh vu Kapstad geschafft.

Säi Bekanntheetsgrad verdankt hien haaptsächlech senger Aarbecht an der Theorie vun "coherent catastrophism"[1], déi hien zesumme mam Bill Napier an anere Kolleegen opgestallt huet. Doriwwer eraus ass hien en Expert fir Koméiten an Kosmologie. De Clube ass och Auteur vu ville wëssenschaftlechen a populärwëssenschaftleche Bicher an en exzellente Cricket-Spiller.

Den Asteroid (6523) Clube gouf no him genannt.

Remove ads

Bibliographie

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Referenzen

  1. Asher, D.J., S.V.M. Clube, W.N. Napier and D. I. Steel (1994). Coherent Catastrophism. Vistas in Astronomy, 38 (1), 1-27; fir populärwëssenschaftlech Duerstellunge vun där Theorie kuckt: Mike Davis, "Cosmic Dancers on History's Stage?" an Dead Cities: And Other Tales (2002), 307-59; souwéi online: Philip R. Burns, "Clube and Napier: Coherent Catastrophism" (deutschsprachige Übersetzung), gekuckt den: 8. Juni 2013.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads