Vielsalm
belsch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Vielsalm ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Si läit um Floss Salm, dohier hiren Numm. Vielsalm (Viye Såm op wallounesch) kënnt vu Vieille Salm - Al Salm, well de Schlasshär eng Kéier eng nei Uertschaft gegrënnt hat (dat haitegt Salm-Château). Déi al Uertschaft gouf spéider nees bewunnt a krut sou hiren Numm.
Aner Uertschaften an der Gemeng si Bihain, Fraiture, Grand-Halleux a Petit-Thier. Och déi zweethéchst Kopp vun der Belsch, d'Baraque de Fraiture (652 m) läit an där Gemeng. Am Wanter kann een do Wantersport maachen.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Vielsalm – Biller, Videoen oder Audiodateien |

Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads