Waassertuerm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Waassertuerm ass den Numm fir en tuermfërmegt Bauwierk fir Waasserversuergung an deem uewen am Tuerm e Waasserbaseng ass fir Drénkwaasser ze späicheren. Dëse Waasserbaseng suergt fir e gläichméissegen Drock am Waasserleitungsnetz dat un de Waassertuerm ugeschloss ass.


Funktiounsprinzip
E Waassertuerm funktionéiert duerch d'Gravitatioun vum Waasser. Well de Waasserbaseng vum Tuerm méi héich läit wéi d'Krinn an deenen eenzelen Haiser, oder aneren Zapplazen, entsteet en Drock an der Leitung, dee bewierkt, datt, wann een e Krunn opdréit, d'Waasser erausleeft.
Meeschtens muss d'Waasser an den Tuerm gepompelt ginn, a rare Fäll kann e selwer duerch e Waasserbaseng, dee méi héich läit beliwwert ginn, wéi z. B. en etlesch Basengen déi vum SEBES-Baseng vun Eschduerf beliwwert ginn. An deem Fall spillt en och nach d'Roll vun engem Drockreegeler.
Remove ads
Literatur
- Becher Bernhard & Hilla Becher, 1971. Die Architektur der Förder- und Wassertürme. Heinrich Schönberg und Jan Werth: Die technische Entwicklung. 427 p. Studien zur Kunst des 19. Jahrhunderts Bd. 13. Prestel, München.
- Becher Bernhard & Hilla Becher, 2005. Wassertürme. Mat engem Text vum Reyner Banham, 223 Duotone-Tafelen op 240 S. Schirmer/Mosel Verlag, München, gebonnen. E Fotobuch.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Wassertierm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Beispiller vu Waassertierm zu Lëtzebuerg
- Leideleng den alen
Beispiller vu Waassertierm uechtert d'Welt
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
