Huldang

Uertschaft an der Gemeng Ëlwen From Wikipedia, the free encyclopedia

Huldang
Remove ads

Huldang ass eng Uertschaft an der Gemeng Ëlwen.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft Huldang. Fir déi belsch Uertschaft mam änlechen Numm, kuckt wgl. Hueldang.
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Thumb
Remove ads

Geographie

Huldang läit op enger Héicht vu 523 m op der Strooss vun Dikrech iwwer d'Schmëdd op Stavelot (N7). Zanter den 1970er Joren hunn do, wéinst der Grenz nobäi, eng Rëtsch Geschäfter a Bensinnsstatiounen opgemaach.

Bei Huldang fënnt een déi zwou héchst Koppen am Land: Op Kneiff op der Sektiounsgrenz mat Wilwerdang an d'Buergplaz (lokal: Burrigplaz).

Tëscht Huldang a Rëmeleng gëtt et mat 82 km déi gréisst Nord-Süd-Längt vum Lëtzebuerger Land.

Tëscht 1839 an 1919 war Op der Schmëdd de lëtzebuergesch-belsch-preiseschen Dräilännereck.

Remove ads

Geschicht

Huldang gouf an der Geschichtsschreiwung just eng Kéier ernimmt, wéi am Drëssegjärege Krich, tëscht Chrëschtdag 1647 an dem August 1648 d'Awunner sech virun den Zaldoten, déi alles geplëmmt hunn, an de Bëscher ronderëm hu misse verstoppen.

Huldang huet, wéi vill Uertschaften am Éislek, am Zweete Weltkrich an der Ardennenoffensiv béis misse leiden.

Fotoalbum

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Huldang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Websäit vun der Gemeng Ëlwen, gekuckt den 18.09.2009
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads