Wallis
gängege Reesaccessoir From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Eng Wallis oder e Koffer ass e gängege Reesaccessoire, traditionell a Form vun enger rechteckeger Këscht mat e puer Grëffer. Se gëtt an der Reegel benotzt fir Kleeder an aner Géigestänn ze transportéieren.

Bannendra fënnt ee meeschtens e puer Fächer oder Täschen, a Rimmer oder elastesch Bänner, fir de Contenu ze sécheren. Och baussen op der Wallis kënnen Täschen an ënnerschiddleche Gréissten ubruecht sinn, fir e séieren Zougrëff op zum Beispill Dokumenter, Bicken oder Zäitschrëften z'erliichteren.
Modern Wallisse sinn dacks aus robustem Material, wéi haardem Plastik oder Aluminium, mat zwou separate Schuelen, déi mat enger Tirette verbonne sinn. Alternativ kommen och méi flexibel Materialer wéi Lieder oder Textil zum Asaz. Wichteg ass, datt d'Material strapazéierfäeg a gläichzäiteg liicht ass. Déi meescht modern Wallissen hu kleng Rieder, déi den Transport méi einfach maachen. Heiansdo ass och e Sécherheetsschlass direkt an d'Wallis mat agebaut.
D'Mall ass eng grouss, voluminéis Wallis. Eng méi kleng an handlech Versioun vun der Wallis ass d'Malette oder och d'Posch. De Rucksak erfëllt en änlechen Zweck, gëtt awer um Réck gedroen a bitt méi Beweegungsfräiheet.
Remove ads
Kuckt och
- Aktekoffer
Um Spaweck
| Commons: Wallis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
