Wanzen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Wanzen
Remove ads

Wanzen (Heteroptera) sinn Insekten, déi zu der Uerdnung vun den Hemiptera gehéieren. Et gëtt eng 40.000 bekannten Aarten op der Welt; an Europa liewen der zirka 1.000. Wanze kënne ganz verschidde Formen hunn an ënnerscheede sech och staark, wat hir Liewensformen oder Liewensraim ubelaangt. Et gëtt der, déi de Jus vu Planze suckelen, aner Aarten iwwerfalen aner Insekten, nees anerer, wéi d'Bettwanz, sinn Ektoparasiten. Wanze liewen a Wisen, um Bord vun an a Bëscher, mä och a mënschleche Wunnengen, z. B. d'Gro Gaardewanz Rhaphigaster nebulosa, déi zënter den 2010er Jore besonnesch am Hierscht opfält, wa s'n Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren.

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Remove ads

Wanzen zu Lëtzebuerg

De Biolog Léopold Reichling (1921-2009) huet zu Lëtzebuerg d'Wanzen am Detail ënnersicht an huet am Joer 2001 en Atlas vun den net-aquatesche Wanzen vu Lëtzebuerg erausbruecht.[1]

Literatur

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Heteroptera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Cf. Reichling 1984, 1985 an 2001 an der Literatur.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads