Warren Buffett

US-amerikaneschen Investisseur From Wikipedia, the free encyclopedia

Warren Buffett
Remove ads

De Warren Edward Buffett, gebuer den 30. August 1930 zu Omaha, Nebraska, USA, ass en US-amerikaneschen Investisseur mat engem, 2016, geschate Privatverméige vu ronn 68 Mrd. US-Dollar.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Verméigen

E groussen Deel vu sengem Verméigen ass an där vun him opgebauter Investment-Firma Berkshire Hathaway ugeluecht.

De Philanthrop

De 16. Juni 2010 huet hien ugekënnegt, no an no 99 % vu sengem Räichtum u fënnef Stëftungen ze verschenken.[1] De gréissten Deel soll, der Zäitschrëft Fortune no, un d'Bill & Melinda Gates Foundation goen, e méi klengen Deel u véier Buffett-Familljestëftungen.

Zitater

  • Den dommste Grond, eng Aktie ze kafen ass, well se klëmmt.
  • Déi éischt Reegel heescht: Verléier ni Geld. Reegel zwee heescht: Vergiess ni Reegel eent.
  • Eréischt wann d'Mier zeréckgeet, gesäit een, wien ouni Schwammbox an d'Waasser gaangen ass.
  • Eng Aktie, déi een net bereet ass 10 Joer laang ze halen, däerf een och net zéng Minutten a sengem Besëtz hunn.

Um Spaweck

 Commons: Warren Buffett – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads