Weis
Familljennumm From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Weis ass e Familljennumm, deen ë. a. zu Lëtzebuerg geleefeg ass. Seng Etymologie léisst sech zeréckféieren entweeder a) op mhd. wīʒ ("wäiss") fir e besonnesch blonde Mënsch oder ee mat enger besonnesch heller Haut; oder b) op mhd. wīs, wīse "verstänneg, gescheit, mat Experienz"; oder awer op c) mhd. weise ("Weesekand").[1]
| Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Am Joer 1880 hunn zu Lëtzebuerg 691 Leit sou geheescht, 1930 waren et der 941 an 1981 der 1.038.[2]
Leit mat deem Numm sinn ë. a.:
- Adolf Weis (1897-1977), lëtzebuergesche Schrëftsteller;
- Benedicte Weis (1949), lëtzebuergesch Molerin a Sculptrice;
- Christian Weis, lëtzebuergesche Politiker;
- Carlo Weis (1958), lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer;
- Fernand Weis, lëtzebuergeschen Handballspiller;
- Gab Weis (1926-1994), lëtzebuergeschen Zeechner a Moler;
- Guy Weis (1952), lëtzebuergesche Foussballspiller;
- Heidelinde Weis (1940), éisträichesch Schauspillerin;
- Madeleine Weis-Bauler (1921-2014), lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin;
- Monique Weis (1971), lëtzebuergesch Historikerin;
- René Weis (1953), lëtzebuergeschen Auteur;
- Sosthène Weis (1872-1941), lëtzebuergeschen Architekt a Moler;
- Trixi Weis (1967), lëtzebuergesch Sculptrice;
- Wilhelm Weis (1894-1964), lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Remove ads
Kuckt och
Referenzen
- Fiche "Weis" am Luxemburgischer Familiennamenatlas online; lfa.uni.lu (gekuckt 2013-11-17).
- Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie: Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XVIII. Luxemburg 1989, S.424.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads