Wierm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Wierm (Eenzuel: Wuerm) ass d'Bezeechnung fir eng ganz Rei wierbellos Déieren, déi nëmme wäitleefeg matenee Famill sinn. Si zeechne sech duerch e laanggestreckten, schlauchfërmege Kierperbau aus.

Ursprénglech goufen an der Zoologie all d'Déieren an där Form wéinst hire baussenzege Charakteristike an der Klass vun de Wierm (lat.: Vermes) zesummegefaasst, sou wéi zum Beispill vum Carl von Linné. Am Mëttelalter war e Wuerm d'Bezeechnung fir all d'Gedéiesch, dat keng Féiss huet a sech fortbeweegt, andeems et iwwer de Buedem kraucht.
Well déi verschidde wuermfërmeg Déierenaarten awer nëmme wäitleefeg matenee Famill sinn an eng komplett aner Anatomie a Morphologie kënnen hunn, gouf déi Iddi opginn. Trotzdeem gëtt d'Zesummefaassung "Wierm" nach an e puer wëssenschaftleche Kontexter weider gebraucht, zum Beispill an der Medezin bei Wuermerkrankungen oder an der Biologie bei der Beschreiwung vun deem, wat aner Déiere friessen.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Wierm – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
