Wiesselcoursmechanismus II

From Wikipedia, the free encyclopedia

Wiesselcoursmechanismus II
Remove ads

De Wiesselcoursmechanismus II (ofgekierzt WCM II, op Englesch European Exchange Rate Mechanism II an ofgekierzt ERM II) ass zanter dem 1. Januar 1999 e Wiesselcourssystem, deen tëscht verschiddenen EU-Länner besteet. De WCM II leet eng Bandbreet vu ± 15 Prozent un de Leetcours vun der Wärung vun engem WCM-II-Member op den Euro fest.

Thumb
Kaart vun den Europäesche Staaten mam Bezug zum Euro (Stand 1. Januar 2023)
██ Eurozon ██ WCM-II-Member, mat engem Opt-out ██ WCM-II-Member ██ EU-Memberen, déi den Euro aféiere mussen ██ Länner, déi den Euro mat offiziellem Accord agefouert hunn ██ Länner, déi den Euro vu sech aus als Wärung agefouert hunn

Den Europäesche Wärungssystem II (EWS II) ass den Nofollger vum Europäesche Wärungssystem (EWS), dee vum 13. Mäerz 1979 bis den 31. Dezember 1998 bestoung.

Ee vun de Konvergenzkrittären ass, datt e Land op d'mannst zwee Joer am WCM II si muss, ier et den Euro aféiere kann.

Remove ads

Memberen

Aktuell Memberen

Den Ament sinn zwee Länner am WCM II: Bulgarien an Dänemark.

Méi Informatiounen Land, Wärung ...

Nach net bäigetrueden EU-Länner

Fënnef Membere vun der EU sinn nach keng Membere vun der Eurozon oder dem WCM II: Polen, Rumänien, Schweden, Tschechien an Ungarn. Déi fënnef EU-Memberen hu sech verflicht, den Euro anzeféieren.

Thumb
Kaart vun den EU-Wärungen (Stand: 1. Januar 2023)
Méi Informatiounen Land, Wärung ...

Fréier Memberen

De WCM II huet sech als e stabilt Wiesselcoursarrangement erwisen. Zanter 1999 huet nëmmen de Leetzëns vun der Slowakescher Kroun zweemol missen ugepasst ginn. D'Leetcourse vun den aacht weidere Länner, déi den Euro agefouert hunn, huet wärend der WCM-II-Memberschaft net misse geännert ginn.

Méi Informatiounen Land, Wärung ...

* entsprécht dem leschten an zanter dem 29. Mee 2008 gëltegen, WCM-II-Leetcours (Leetcours vum 19. Mäerz 2007 bis den 28. Mee 2008: 35,4424; virdrun: 38,4550)

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads