Xi

Buschtaf From Wikipedia, the free encyclopedia

Xi
Remove ads

De Xi (griichesch ξι, Majuskel Ξ, Minuskel ξ) ass de 14. Buschtaf vum griicheschen Alphabet. Als griichescht Zuelenzeechen huet de Xi no dem milesesche Prinzip en numeresche Wäert vu 60.

Thumb
De griichesche Buschtaf “Xi”

Urspronk

De griicheschen Ξ huet déi virgriichesch Buschtawekombinatioun ΚΤΣ sproochlech wéi och graphemesch eréischt spéit ersat.

Den haitege Graphem Xi huet säin Urspronk am phenizesche Schrëftzeechen Samech.. Vum Samech stamen ausserdeem déi griichesch Buschtawe Sigma (Σ) a Chi (X) of. De Xi gouf allerdéngs eréischt méi spéit wéi aner phenizesch Buschtawen a Griicheland iwwerholl an gouf och net an allen Dialekter ugeholl.

Remove ads

Gebrauch vum Xi

  • An der Physik gëtt de ξ gebraucht als
    • dimensiounslos Uertsvariabel, meeschtens als Ersatz fir x an als
    • mëttleres logarithmescht Energiedekrement an der Reakterphysik.
  • An der Physik gëtt Ξ gebraucht als
    • Bezeechner vun engem Ξ-Baryon an als
    • Symbol fir d'Schallauslenkung (och Schallausschlag genannt)
  • An der Chimie
    • bezeechent ξ d'Reaktiounslafzuel vun enger Reaktioun.
  • An der Mechanik
    • bezeechent ξ d'Schrauwungskoordinate vun enger Starrkierperbeweegung (Vektor mat 6 Komponenten)
  • an der Mathematik
    • bezeechent ξ heefeg eng Zoufallsvariabel.
    • stinn a fir d'Riemann'sch Xi-Funktioune
  • An der Thermodynamik
    • bezeechent ξ d'Masseverhältnes vun enger Komponent vun engem ideale Gasgemësch.
  • An der Medezin
    • bezeechent ξ en Dimer aus 2 Polypeptidketten, déi zum T-Zell-Rezepter enger T-Zell gehéieren.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Xi – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads