Yannick Bastos
lëtzebuergesch-portugisesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Yannick Bastos, gebuer den 30. Mee 1993, ass e lëtzebuergesch-portugisesche (Sic!) Foussballspiller[1]
Karriär
An der Sasion 2009/2010 huet hie fir d'US Rëmeleng gespillt, duerno war hien eng Saison bei der Eintracht Tréier fir nees fir eng Saison zeréck op Rëmeleng ze goen. Hie stoung vun 2012 bis Enn Januar 2014 beim FC Déifferdeng 03 ënner Vertrag.
De 25. Januar 2014 ass de Yannick Bastos un d'Bolton Wanderers fir ëmgerechent 50.000 Euro verkaf ginn, a koum an England zu e puer Kuerzasätz an hirer U21-Ekipp. Mëtt September 2014 gouf säi Kontrakt bei Bolton erëm opgeléist.[2] Enn Januar 2015 gouf bekannt, datt de Yannick Bastos op SV Eintracht Trier 05 wiessele wäert bis zum Enn vun der Saison 2014/15, da wiesselt en zeréck bei den FC Déifferdeng 03[3]
Tëscht dem 14. August 2013 an dem 5. Mäerz 2014 huet de Yannick Bastos 5-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]
Remove ads
Referenzen
- Yannick Bastos et Bolton, c'est fini! Wort.lu 17. September 2014 Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt de 16.12.2014.
- Archive copy Archivéiert den 02.02.2015. Gekuckt den 03.02.2015.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads