Yuriko Backes

lëtzebuergesch Diplomatin a Politikerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Yuriko Backes
Remove ads

D'Yuriko Backes, gebuer den 22. Dezember 1970 zu Kōbe a Japan, ass eng lëtzebuergesch Diplomatin a Politikerin (DP). Si ass zanter dem 17. November 2023 Ministesch fir Verdeedegung, Ministesch fir Gläichstellung, Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an der Regierung Frieden-Bettel.[1]

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Karriär

Thumb
D'Yuriko Backes mam Josep Borrell 2024.

D'Yuriko Backes huet vun 1989 bis 1992 op der London School of Economics and Political Science studéiert a war duerno, vun 1993 bis 1994 um College of Europe, wou si e Master an European Studies gemaach huet.[2]

Si huet fir d'Lëtzebuerger Representatiounen zu New York a Bréissel geschafft a war vun 2006 bis 2008 Chef de mission adjoint an der lëtzebuergescher Ambassade zu Tokio.

Tëschent 2008 an 2010 war si Adjointe vum Direkter am Ressort fir den internationalen Handel am Ausseministère. Vun 2010 bis 2016 war si diplomatesch Conseillère vun de Staatsministere Jean-Claude Juncker an Xavier Bettel.

Vum 1. Mäerz 2016 bis Enn Mee 2020 war si Chef vun der Maison de l'Europe an huet d'Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg geleet.

Den 29. Abrëll 2020 gouf si als Haffmarschallin ernannt an huet hiren Déngscht, als Nofollgerin vum Lucien Weiler den 1. Juni 2020 ugetrueden[3]. Si gouf den 9. Oktober 2020 an där Fonctioun vereedegt[4],[5].

De 5. Januar 2022 gouf si als Nofollgerin vum Pierre Gramegna nei Budgets- a Finanzministesch.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si op der Lëscht vun der DP an d'Chamber gewielt, huet awer op hiert Mandat verzicht, fir Ministesch fir Verdeedegung, Ministesch fir Gläichstellung, Ministesch fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

De 27. Abrëll 2025 gouf si um Nationalkongress vun där Partei zur 1. Vizepresidentin gewielt.[6][7]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Yuriko Backes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (fr) Biographie (12.06.2012Wierk=gouvernement.lu) Archivéiert den 18.11.2023. Gekuckt den 18.11.2023.
  2. (fr) Maison du Grand-Duc - Nomination. legilux.public.lu (09.10.2020). Gekuckt den 09.10.2010.
  3. (lb) Yuriko Backes als nei Maréchale vereedegt. www.rtl.lu (09.10.2020). Gekuckt den 09.10.2020.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads