Zero Point Five

lëtzebuergesch Museksgrupp From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Zero Point Five ass eng lëtzebuergesch Museksgrupp.

op ee Bléck Museksgenre, Land ...
Remove ads

Bandgeschicht

D'Band, déi ufanks och nach Zero Point 5 geschriwwe gouf, huet 2009 als Schülerband ugefaangen. D'Museker waren zesummen am Escher Jongelycée. D'Joer drop si si um Screaming Fields opgetrueden.[1] 2012 hu si um Rock um Knuedler an um Food for Your Senses gespillt a waren d'Virband vun der kanadescher Sängerin Coeur de Pirate am Atelier.[2]

Stories From the Bar Downtown, hiren éischten Album, hu Zero Point Five 2014 an der Escher Kulturfabrik virgestallt. Zwee Joer drop koum dunn d'EP Southbound eraus, op där d'Lidder Honolulu a Sing Along ze héiere sinn, déi e gewësse Succès als Radiosingelen haten.[3]

2017 ass d'Band ënner anerem op der Diddelenger Fête de la musique an erëm um Rock um Knuedler opgetrueden, an 2018 um e-Lake-Festival.

Den zweeten Album Southern Breeze koum 2019 eraus. De Violonist Chris Reitz, dee scho virdru mat Zero Point Five zesummegeschafft hat, huet um Album matgeschriwwen an ass du volle Bandmember ginn.[4] D'Releaseparty war an der Rockhal.[5] D'Lidder Free, Replay, Make It Count an The Lucky Ones goufen als Singelen ausgekoppelt. De Sam Flammang huet d'Museksvideoe gedréint, mat Ausnam vun The Lucky Ones, bei deem d'Roxanne Peguet Regie gefouert huet.

No fënnef Concerten an Däitschland am Februar 2020 hätte Zero Point Five an Amerika op Tour solle goen, wat duerch d'Corona-bedéngte Reesrestriktiounen awer net méiglech war.[6] Am Summer 2022 hu si du sechs Concerten an den USA gespillt, dorënner zwee um "Luxemburg Fest" zu Belgium am Wisconsin.

2021 huet d'Band hir Singel Spice It Up erausbruecht, déi den 1980er-Sound mat moderner Country-Musek verbënnt.[7]

No e puer méi rouege Joren gouf am November 2024 bekannt, datt d'Grupp ee vun de Finalisten am Luxembourg Song Contest 2025 ass.[8] Den 1. Januar 2025 gouf hire Bäitrag Ride verëffentlecht, fir deen de Sam Flammang e Video gedréint huet.

Remove ads

Diskografie

Albumen

  • 2014: Stories From the Bar Downtown
  • 2019: Southern Breeze

EP

  • 2016: Southbound

Singelen

  • 201?: Words and Phrases
  • 201?: Hurricane Girl
  • 2016: Honolulu
  • 2017: Sing Along
  • 2018: Heartland
  • 2019: Free
  • 2019: Replay
  • 2019: Make It Count
  • 2021: The Lucky Ones
  • 2021: Spice It Up
  • 2024: Ride

Um Spaweck

Referenzen

  1. Fiche op backstagepro.de (gekuckt de 6. Juni 2023)
  2. 100komma7.lu: Minnetter Jonge mat Banjo, Mandolinn a Gei vum Marc Clement (25. Juli 2019)
  3. 100komma7.lu:Zero Point Five: Vun Dëppefester op déi grouss Bün vum Sophie Schroeder (26. November 2024)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads