Andy Bausch
lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Andy Bausch gebuer den 12. Abrëll 1959 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.[1]
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Andy Bausch | |
---|---|
am Joer 2006 | |
Gebuer |
12. Abrëll 1959 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller |
Zoumaachen
Hien ass deen éischte Lëtzebuerger Regisseur, deen och international Succès hat.[1] Zënterhier huet hie vill Filmer gedréint, dorënner eng ganz Rei Documentairen zu Lëtzebuerger Theemen. Zu senge bekanntste Spillfilmer gehéieren Troublemaker (1989), Le club des chômeurs (2003) a Rusty Boys (2017).
Bis zu sengem Doud huet de Schauspiller Thierry van Werveke (1958-2009) a bal all dem Andy Bausch senge fiktive Wierker matgespillt.