Donostia Zinemaldia – Festival de San Sebastián
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Donostia Zinemaldia – Festival de San Sebastián (op Englesch: San Sebastián International Film Festival) ass e Filmfestival, deen all Joer am September an der nordspuenescher Stad San Sebastián (op Baskesch: Donostia) organiséiert gëtt. En existéier zënter 1953 a gëllt als dee wichtegste Filmfestival a Spuenien.
De wichtegste Präis ass d'"Gëlle Muschel" (Spuenesch: Concha de Oro; Baskesch: Urrezko Maskorra). Si geet un de beschte Film, deen an der Kompetitioun gelaf ass.
Heiansdo lafen och lëtzebuergesch Filmer a lëtzebuergesch Koproduktiounen zu San Sebastián. Esou huet den Andy Bausch 1989 fir A Wopbopaloobop A Lopbamboom den éischte Präis an der Kategorie "Open Zone / New Directors" gewonnen, an d'Koproduktioun Jaime krut 1999 de Spezialpräis vun der Jury.[1] Och de Film Schacko Klak[2] an d'Koproduktioune Puppy Love (2013)[3] a Sunset Song (2015) [4] sinn zu San Sebastián gelaf.