F91 Diddeleng
From Wikipedia, the free encyclopedia
{{#if:F91 Dudelange|
F91 Diddeleng | ||||
Offiziellen Numm: | F91 Dudelange | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | Giel-Rout | |||
Grënnung: | 1991 | |||
Stadion: | Stade Jos Nosbaum, Diddeleng | |||
Plazen: | 2 600 | |||
President: | Flavio Becca | |||
Trainer: | Emilio Ferrera | |||
Liga: | Nationaldivisioun | |||
Saison: | 2022/23 | |||
Positioun: | 3. Plaz | |||
|
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
00 | De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Den F91 Diddeleng ass e lëtzebuergesche Foussballclub aus der Stad Diddeleng. De Veräin ass 1991 aus der Fusioun vun den dräi Diddelenger Foussballveräiner, Stade Diddeleng, US Diddeleng an CS Alliance Diddeleng entstanen. Ee vun den Haaptinitiateure vun där Fusioun war de fréiere Buergermeeschter a Stadesspiller Nicolas Birtz.
E Supporter- a Fanclub vum F91 Diddeleng ass de Fanatics 04 Diddeleng.
De 17. Juli 2012 huet den F91 Diddeleng an der zweeter Qualifikatiounsronn vun der UEFA Champions League 1:0 géint den éisträichesche Meeschter a Pokalgewënner Red Bull Salzburg gewonnen. De 24. Juli hu se am Réckspill 3:4 verluer. Trotzdeem si se fir d'éischt Kéier an déi drëtt Qualifkatiounsronn vun der Champions League komm.[1]
Den 30. August 2018 huet den F91 Diddeleng sech, als éischt lëtzebuergesch Ekipp iwwerhaapt, fir d'Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert.[2]
Den 13. Dezember 2012 ass den F91 Diddeleng zur Sportsekipp vum Joer gewielt ginn.[3]