From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 2001 Mars Odyssey (och Mars Odyssey) ass eng Raumsond vun der NASA, déi zanter dem 24. Oktober 2001 de Mars ëmkreest an erfuerscht. Hire Start war de 7. Abrëll 2001 u Bord vun enger Delta-II-Drorakéit. D'Missioun gouf nom Enn vun der ufanks geplangter Dauer 2004 ëmmer nees verlängert, e fixen Dag fir d'Enn ass net (Stand Juni 2014) geplangt. Den Orbiter déngt och als Relaisstatioun fir d'Dateniwwerdroung tëscht deem de 6. August 2012 gelantene Rover Curiosity an der Äerd.[1]
Nom Erreeche vum Mars war déi éischt grouss Schwieregkeet fir der Sond hir Vitess mat Hëllef vun engem Aerobraking-Manöver ze reduzéieren an doduerch an en Orbit ëm de Mars anzeschwenken. Dobäi ass d'Sond e puermol duerch déi iewescht Atmosphäreschichte vum Mars geflunn, fir duerch d'Reiwung ofgebremst ze ginn.
D'Haaptphas vun der Missioun hat am Februar 2002 ugefaangen an hätt sollen am August 2004 ofgeschloss ginn. Well d'Sond awer an engem ganz gudden Zoustand war, gouf d'Missioun bis elo véiermol ëm jee zwee Joer verlängert, fir d'lescht bis September 2012. Ofhängeg vun de geplangten Aufgaben huet d'Sond genuch Dreifstoff bis 2015. Déi éischt Kéier an der Geschicht vun der Marsfuerschung gëtt am Kader vun der Missioun eng global Kaart vun de cheemeschen Elementer op der Uewerfläch erstallt. E Schwéierpunkt vun der Missioun läit dobäi op der Sich no Virkomme vu Waasseräis. Donieft soll d'Stralungsbelaaschtung am niddrege Marsorbit ënnersicht ginn, fir d'Risike vu bemannte Marsmissiounen besser ze erfuerschen.
Héichpunkt vun der Mars Odyssey-Missioun war de Noweis vu grousse Quantitéite Waasseräis, besonnesch an der Südpolregioun vum Planéit am Oktober 2002. Virdrun haten d'Fuerscher ugeholl, datt de Marssüdpol bal nëmmen aus sougenanntem Dréchenäis (gefruerenem Kuelestoffdioxid) besteet. Elo steet allerdéngs fest, datt do driwwer eraus och Waasseräis virkënnt, dat zum Deel ënner den Dréchenäis-Schichte verstoppt läit. Dës Entdeckunge konnte mat enger anerer Method duerch den Asaz vun der europäescher Sond Mars Express am Februar 2004 bestätegt ginn.
Den Numm vun der Sond ass en Hommage un dem Stanley Kubrick säi Film 2001: A Space Odyssey. Déi 758 kg schwéier Sond sollt de Neiufank an der amerikanescher Marsfuerschung no de Feelschléi vum Mars Climate Orbiter a Mars Polar Lander am Joer 1999 weisen. D'Sond Mars Odyssey huet och deelweis déi selwecht Missiounsziler wéi de feelgeschloene Mars Climate Orbiter.
Zu den Instrumenten zielen ënner anerem eng Multispektralkamera, e Stralungsdetekter an e Gammastralespektrometer.
„2001 Mars Odyssey“ huet ettlech Waasservirkommen op béide Marspolen ënner der Uewerfläch entdeckt. Donieft goufe geologesch Aktivitéite vum Planéit ënner d'Lupp geholl. Zu de leschte wichtegen Aufgabe vun der Sond zielt d'Weiderleedung vun Date vun de béiden am Januar 2004 gelanten Exploratioun Rover Spirit an Opportunity vun der NASA. D'Missioun gëllt schonn elo als Erfolleg.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.