Alouette 1
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Alouette 1 oder (Alouette A) war den éischte kanadesche Satellit. E gouf am Joer 1962 an den Orbit geschoss − fënnef Joer nodeem d'UdSSR am Joer 1957 hiren éischte Satellit Sputnik 1 an den Orbit geschéckt hat a véier Joer nodeem d'USA den Explorer 1 gestart haten. Domat war Kanada déi drëtt Natioun mat engem Satellit am Orbit.[1] Den Numm Alouette leet sech vum franséische Wuert fir de Léimännchen a vun engem populäre franséisch-kanadesche Volleksliddtitel of.
Méi Informatiounen Fuerschungssatellit Alouette 1 ...
Fuerschungssatellit Alouette 1 | |
---|---|
Land | Kanada |
Agentur | CDRB |
Apogeum | 1032 km |
Perigeum | 996 km |
Bunnschréi | 80,5° |
Bunn-Ëmlafzäit | 105,5 min |
Exzentrizitéit | .002433 |
Mass | 145 kg |
Start | 29. September 1962, 06:05 UTC |
Startplaz | Vandenberg AFB SLC-2E |
Drorakéit | Thor-Agena B |
Status | zanter 1972 net méi a Betrib |
Zoumaachen