![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c9/Gosses_Bluff_Northern_Territory_Australia.jpg/640px-Gosses_Bluff_Northern_Territory_Australia.jpg&w=640&q=50)
Aschlagkrater
From Wikipedia, the free encyclopedia
En Aschlagkrater, och Impaktkrater genannt, ass e meeschtens bal kreesfërmege Baseng op der Uewerfläch vun engem äerdänleche Planéit oder op engem änlech festen Himmelskierper, deen duerch den Aschlag – den Impakt – vun engem anere Kierper wéi z. B. engem Asteroid oder engem grousse Meteoroid entsteet. No de Reschter déi fonnt ginn, de Meteoritten, schwätzt een och vun engem Meteorittekrater.[1],[2],[3]
Fir Aschlagkrateren op der Äerd hat den US-amerikanesche Geophysiker Robert S. Dietz 1960 d'Bezeechnung Astroblem („Stärewonn“) virgeschloen, déi sech am Däitschen, deelweis awer och am franséischen Astroblème (zum Beispill Astroblème de Rochechouart-Chassenon) agebiergert hat.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c9/Gosses_Bluff_Northern_Territory_Australia.jpg/640px-Gosses_Bluff_Northern_Territory_Australia.jpg)