lëtzebuergesch Autobunn From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Autobunn A4, och nach Escher Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vun Hollerech an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis op Esch-Uelzecht, wou s'am Quartier Rämerech, op der Héicht vum fréiere Schlakentipp, an d'Liaison Micheville (B40) iwwergeet.
A4 - Escher Autobunn | |||
Längt: 16,3 km | |||
Zeechen | N° | Pk. | Verdeeler |
Lëtzebuerg (Stad)-Hollerech | |||
2,3 | A6 Zéissenger Kräiz | ||
1 | 4,5 | Leideleng-Nord | |
2 | 7,1 | Leideleng-Süd | |
7,9 | Aire de Pontpierre (↓) | ||
8,7 | Aire de Pontpierre (↑) | ||
3 | 10,1 | Steebrécken | |
4 | 12,1 | Féiz | |
12,5 | A13 Uschloss Esch | ||
5 | 13,5 | Esch-Uelzecht-Lalleng | |
14,8 | A13 Uschloss Lankëlz | ||
Iwwergang | 16,3 | Liaison Micheville (B40) | |
Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 1 Autobunnnskräiz, 2 Jonctiounen an a béid Richtungen, jee eng Bensinnsstatioun mat Plaz fir ze raschten. Den Tracée vun der A4 leeft méi oder manner parallel zu der N4. Et sinn och Deeler vun der N4 duerch d'Autobunn ersat ginn, dofir ass d'N4 net méi duerchgängeg vu Lëtzebuerg bis Esch-Uelzecht.
Um Zéissenger Kräiz kräizt d'A4 sech mat der A6 a geet da laanscht Leideleng, Steebrécken a Féiz. Direkt duerno gëtt et en Uschloss un d'A13 (Collectrice du Sud): virun der Sortie op Esch-Lalleng a Richtung Diddeleng, dohanner, bei der Jonctioun Lankëlz, a Richtung Péiteng.
D'Autobunn A4 gouf tëscht 1969 an 1976 a Betrib geholl: Fir d'éischt den Tronçon Féiz-Esch[1], 1972 dann de Contournement vu Leideleng, 1974 d'Deelstéck Leideleng-Märel an zum Schluss d'Stéck tëscht Leideleng a Steebrécken. 1988, resp. 1992 gouf se vu Lalleng bis op Rämerech verlängert.
D'A4 huet eng Längt vu 16,3 km.
Den 29. Mee 2023 gouf d'Verlängerung Richtung Frankräich, déi sougenannt Liaison Micheville (B40) a Betrib geholl, déi, ënner Esch-Belval erduerch, déi Säit der franséischer Grenz als d'N52 virugeet, a geduecht ass, den Duerchgangsverkéier vun de Frontaliere méiglechst aus den Uertschaften Esch-Uelzecht, Villerupt an Däitsch-Oth erauszehalen.[2]
2014 goufe Pläng presentéiert, no deene se vun 2015 u méi breet gemaach sollt ginn an eng Spuer fir den ëffentlechen Transport bäikomme sollt.[3] Bis Mëtt 2023 war nach näischt dovun ze gesinn.
2020 goung eng éischt Kéier rieds dervun, eng Tramsstreck tëscht Belval an der Stad e gutt Stéck direkt nieft d'Autobunn ze féieren, déi an den 2030er Jore soll kënnen a Betrib geholl ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tram Stad Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht.
Commons: A4 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.