Kinnigin vun Holland (1980-2013) From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Prinzessin Beatrix Wilhelmina Armgard, Prinzessin vun Oranien-Nassau, Prinzessin zur Lippe-Biesterfeld, gebuer den 31. Januar 1938 zu Baarn, war vum 30. Abrëll 1980 bis den 30. Abrëll 2013 als Beatrix I. Kinnigin vun Holland.
Beatrix I. vun Holland | |
---|---|
Titelen | |
Kinnigin vun Holland | |
Zäit | 1980 bis 2013 |
Virgänger | Juliana I. vun Holland |
Nofollger | Willem-Alexander vun Holland |
Biographie | |
Gebuer |
31. Januar 1938 Palais Soestdijk |
Bestuet mat | Claus von Amsberg |
Papp | Bernhard zur Lippe-Biesterfeld |
Mamm | Juliana vun Holland |
Geschwëster | Irene vun Oranien-Nassau, Margriet vun Oranien-Nassau, Christina vun Oranien-Nassau |
Kanner | Willem-Alexander vun Holland, Friso, Constantijn |
Den 30. Abrëll 2013, um hollänneschen Nationalfeierdag, huet si zu Gonschte vun hirem eelste Jong Willem-Alexander ofgedankt.[1]
D'Prinzessin Beatrix Wilhelmina Armgard vun Oranien-Nassau ass den 31. Januar 1938 als déi eelst vu 4 Duechtere vum Prënz Bernhard zur Lippe-Biesterfeld an der Prinzessin Juliana vun Oranien-Nassau op d'Welt komm. An der Zäit vum Zweete Weltkrich ass si mat hiren Elteren a Grousselteren an den Exil op London, a spéider op Ottawa gaangen.
Op hirem 18. Geburetsdag gouf si offiziell zur Trounfollgerin ernannt. Si huet op der Universitéit Leiden Coursen a Soziologie, Droit, Ekonomie, Parlamentsgeschicht, Verfassungsrecht, a spéider och tëschestaatlech Affären, Geschicht an europäeschen Droit beluecht. 1961 huet si hiren Ofschloss am Droit gemaach.
Den 10. Mäerz 1966 huet si sech mam däitschen Diplomat Claus von Amsberg bestuet.
Nodeem hir Mamm, d'Kinnigin Juliana ofgedankt hat, gouf d'Beatrix den 30. Abrëll 1980 Kinnigin vun Holland.
De 6. Oktober 2002 ass hire Mann, de Prënz Claus gestuerwen. Si hunn dräi Jongen:
Déi hollännesch Kinneksfamill ass ee vun de Groussaktionäre vum Royal Dutch Shell-Konzern.
Commons: Beatrix I. vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.