![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/16/Brassdiekirch.jpg/640px-Brassdiekirch.jpg&w=640&q=50)
Brauereien zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi 33 aktiv Brauereien zu Lëtzebuerg hunn 2019 ronn 288.000 Hektoliter Béier produzéiert[1].
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/16/Brassdiekirch.jpg/640px-Brassdiekirch.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d0/Beers_from_Luxembourg_2017.jpg/640px-Beers_from_Luxembourg_2017.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/e/e0/L%C3%ABtzebuerger_B%C3%A9ier_%281965%29_%281%29.jpg/640px-L%C3%ABtzebuerger_B%C3%A9ier_%281965%29_%281%29.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/thumb/a/a0/L%C3%ABtzebuerger_B%C3%A9ier_%281965%29_%282%29.jpg/640px-L%C3%ABtzebuerger_B%C3%A9ier_%281965%29_%282%29.jpg)
2018 goufen 33 % (94.000 hl) vun der nationaler Béierproduktioun exportéiert, iwwerdeems 80 % vum Béier deen zu Lëtzebuerg gedronk gouf (370.000 hl), importéiert ginn ass. D'Consommatioun louch am selwechte Joer bei 69 l op de Kapp[1].
Haut gëtt et zu Lëtzebuerg nieft dräi groussen industrielle Brauereien zu Wolz, zu Dikrech, an zu Nidderkäerjeng och nach e puer Mikrobrauereien, déi ronn 2 % vun der nationaler Produktioun ausmaachen[2].
Déi Wëlzer an déi Dikrecher Brauerei hunn e Musée iwwer d'Brauwiesen zu Lëtzebuerg opgemaach.
D'Patronatsorganisatioun vun de Brauer a Brauereien zu Lëtzebuerg ass d'Confédération des brasseries et des brasseurs du Luxembourg.