lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Käerjeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Nidderkäerjeng ass den Haaptuert vun der Gemeng Käerjeng, am Kanton Capellen. Et war bis Enn 2011 den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Nidderkäerjeng.
Nidderkäerjeng | |
---|---|
Vue aus dem Fliger op Nidderkäerjeng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Bascharage de: Niederkerschen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Käerjeng |
Buergermeeschter | Michel Wolter (CSV) |
Awunner | 5.955 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 855,1179 ha[1] |
Héicht | 285 m |
Koordinaten |
49° 34’ 00’’ N 05° 54’ 37’’ O |
Websäit | http://www.bascharage.lu |
Nidderkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Kuer, eng vun deene wéinege lëtzebuergesche Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert, fléisst durch Nidderkäerjeng. No beim Rond-Point vun der Biff fléisst d'Mierbaach an d'Kuer.
An der Zäit vum franséische Regime d. h. vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Käerjeng Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts.
D'Geschicht vun der Uertschaft ass enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie verwuerzelt. Grad wéi déi aner Gemengen an Uertschaften aus dem Süden huet och Nidderkäerjeng d'Rezessioun am Stolsekteur ze spire kritt, net zulescht wëll vill Awunner op der Schmelz hiert Brout verdéngt hunn.
No dëser Kris huet Nidderkäerjeng sech op industriellem Plang weiderentwéckelt an eng Rei grouss Betriber wéi d'General Motors, d'Luxguard oder nach d'TDK hu sech do néiergelooss.
Am Ufank vum Zweete Weltkrich koum et zu Käerjeng zu Reiwereien tëscht der Wehrmacht a franséischen Truppen. Dobäi hunn den 10. Mee 1940 néng Spahisen aus dem Generol P. Jouffrault senger 1. Spahis-Brigade hiert d'Liewe gelooss. Eng Plack op engem Stee bei der Parkplaz vun der Käerjenger Gare erënnert dorun.
Den 9. August 2019 ass en Tornado duerch Nidderkäerjeng gezunn, dee vill Schued ugeriicht huet.
Ee vun de bekanntsten Nidderkäerjenger war de Sculpteur Claus Cito deen zu Lëtzebuerg haaptsächlech wéinst der Gëlle Fra bekannt ass.
Commons: Nidderkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.