Lëtzebuerger Beruffschamber vun de Baueren, Wënzer a Gäertner From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Chambre d'agriculture oder d'Landwirtschaftskummer (LWK) zu Lëtzebuerg ass d'Beruffschamber vun de Baueren, Wënzer a Gäertner. Se huet de Statut vun engem ëffentlechen Etablissement.
Chambre d'agriculture (Landwirtschaftskummer) | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 04.04.1924 |
Sëtz |
261, route d'Arlon L-8011 Stroossen |
Generaldirekter | Guy Feyder (President) |
() | |
() | |
Branche | Beruffschamber |
Homepage | www.lwk.lu |
Duerch d'Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf eng legal Basis fir d'Landwirtschaftskummer a véier aner Beruffschambere geschaaft.
Well d'Landwirtschaftskummer awer engersäits am ëffentleche Liewen net déi Bedeitung krut, wéi de Legislateur dat mat der Grënnung bezweckt hat an och well et anersäits zanter der Liberatioun keng offiziell gewielt Vertriedung fir d'Landwirtschaft méi gouf, ass op Basis vum groussherzoglechen Arrêté vum 10. Oktober 1945[2] e Gremium bannent der Bauerenzentral geschaaft ginn, fir d'Attributiounen an d'Funktioune vun der Landwirtschaftskummer z'iwwerhuelen. Dëse Gremium war ënnert dem Numm Conseil national de l'agriculture[3] bekannt, och wann den Numm net am Arrêté festgehale gouf.
Et huet iwwer véierzeg Joer gedauert bis dat modifizéiert Gesetz vum 4. Abrëll 1924 ëmgeännert an erweidert gouf an du mam Gesetz vum 7. September 1987[4] de Fonctionnement an de Walmodus vun der Landwirtschaftskummer festgeluecht gouf. De 14. Juli 1988 war d'Landwirtschaftskummer du fest installéiert[5].
De Verwaltungsrot vun der LWK besteet aus 19 Memberen. Dovu si 15 Baueren, dräi Wënzer an ee Gäertner. Fënnef vun de Membere bilden de Comité.
Period | President |
---|---|
... | Lamoral de Villers |
... | |
1945 - 1971 | Jules Meyers |
1971 - 1984 | René Wester |
1984 - 1988 | Norbert Funck |
1988 - 2018 | Marco Gaasch |
2018- | Guy Feyder |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.