Ëffentlecht Etablissement (Lëtzebuerg)

juristesch Persoun vum ëffentlechen Recht, déi mat der Verwaltung vu bestëmmten ëffentleche Servicer beoptraagt ass From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

En ëffentlecht Etablissement ((fr) établissement public) ass en eng moralesch Persoun vun ëffentlechem Recht, déi duerch e Gesetz oder e Reglement beoptraagt ass fir verschidden ëffentlech Servicer am Déngscht vun de Bierger ze erfëllen. Dat geschitt ënner der Titularkontroll vum Staat oder vu Gemenge wou se duerch Uwendung vun enger Déngschtdezentalisatioun detachéiert ass.

Se däerfen net verwiesselt gi mat engem Etablissement vun ëffentlechem Notzen ((fr) établissement d'utilité publique).

Et gëtt zwou Kategorië vun ëffentlechen Etablissementer:

Remove ads

Staatlech ëffentlech Etablissementer

Et handelt sech ëm eng ëffentlech Persoun déi ënnert der Tutelle vum Staat steet an awer eng gewëssen Autonomie huet wat d'Gestioun ubelaangt. D'Aufgaben an den Zweck vun engem staatlechen ëffentlechen Etablissement ginn duerch e Gesetz festgeluecht a se bezéien sech - wat hir Spezialitéit ugeet - op de ganzen Territoire vum Grand-Duché. Se stinn ënner der Tutelle vum Staat

Zu de staatlechen Etablissementer zielen z. B. d'Beruffschamberen, d'Uni Lëtzebuerg, verschidde Klinicken oder Spideeler an och d'Post an d'd'Spuerkeess.

Remove ads

Kommunal ëffentlech Etablissementer

Et ass e Gemengeservice deen als juristesch Persoun eng gewëssen Autonomie huet a vun enger Gemeng iwwerwaacht gëtt. Zu dësen Etablissementer gehéieren ë. a. déi kommunal Aarmebüroen an Hospicë grad ewéi d'Gemengesyndikater[1].

Ëffentlech Etablissementer zu Lëtzebuerg

Aktuell Etablissementer

Eng Oplëschtung vun allen ëffentlechen Etablissementer zu Lëtzebuerg ass schwiereg, well et keng eenheetlech an offiziell ëffentlech zougänglech Lëscht gëtt[2]. Déi Lëscht hei drënner baséiert sech gréisstendeels op den Etablissementer déi am Handelsregëster ageschriwwe sinn[3] oder déi am Recueil des administrations, services et éablissements publics opgezielt sinn[4].

Méi Informatiounen Etablissement, Ofkierzung ...

Fréier Etablissementer

Déi Lëscht hei drënner baséiert sech haaptsächlech op den Etablissementer déi am Handelsregëster ageschriwwe waren an duerno geläscht goufen[13].

Méi Informatiounen Etablissement, Ofkierzung ...
Remove ads

Um Spaweck

Remove ads

Referenzen an Notten

  1. Quell vun der Introduktioun: Majerus, P., & Majerus, Marcel. (1983). L'État luxembourgeois : Manuel de droit constitutionnel et de droit administratif (5e éd., complétée et mise à jour. ed.). Luxembourg: P. Majerus. (S. 347, 353)
  2. Dani Schumacher, Die Etablissements publics, Das unbekannte Wesen op wort.lu an am LW vum 20. August 2012, S. 2-3
  3. Stand 05.01.2025, Nummere J1 - J152 (ouni J23, Nummer gëtt et net)
  4. Administrations, Services et Établissements publics, Versioun vum 8. September 2020, legilux.lu
  5. Nummer ënnert där den Etablissement am Handelsregëster ageschriwwen ass
  6. Datum wéini den Etablissement am Handelsregëster immatrikuléiert gouf
  7. Referenz op d'Immatrikulatiounsdokument vum Handelsregëster
  8. Referenz op d'legal Basis (Gesetz) op Legilux.lu
  9. virum 13. September 2022: « Établissement de radiodiffusion socioculturelle »
  10. am Handelsregëster ageschriwwen als « Société créée selon la loi du 28 mars 1997 »
  11. am Handelsregëster gelungenerweis ageschriwwen als: « E.P. - THEATRE NATIONAL DU LUXEMBOURG, Etablissement public »
  12. am Handelsregëster ageschriwwen ënnert dem fréieren Numm Syndicat des tramways intercommunaux du canton d'Esch-sur-Alzette
  13. Stand 09.09.2020 vun den Etablissementer déi mat "radié" gezeechent sinn
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads