From Wikipedia, the free encyclopedia
De Clausener Viaduc ass ee vun de véier Eisebunnsviaducen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. En ass nom Stater Quartier Clausen, iwwer deen e féiert, genannt.
De Clausener Viaduc vun der Zenser Säit aus gesinn | |
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Lëtzebuerg |
Koordinaten |
49° 36’ 42.5’’ N 06° 08’ 24.6’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Eisebunnsbréck |
Gleiser | 2 |
Benotzt vun | Nordstreck |
Féiert iwwer | Uelzechtdall |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 208 m |
Breet | 15 m |
Héicht | 44 m |
Material | Steen |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1862 |
Architekt(en) Konzeptioun | Waring Brothers |
D'Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste Bou iwwerspaant 15 Meter.
Nodeem d'Nordstreck aus der Tranchée um Rummplateau kënnt, leeft se iwwer de Clausener Viaduc bis bei d'Verbindungsbréck am Clausener Bierg fir dann duerno iwwer de Pafendaller Viaduc weiderzeféieren.
D'Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d'Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut.
Commons: Clausener Viaduc – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.