Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn From Wikipedia, the free encyclopedia

Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz
Remove ads

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg op Ëlwen, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 42 Gouvy - Rivage.

Séier Fakten Linnennummer, Besëtzer ...
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
PK
Uschloss: Péiteng
Uschloss: Beetebuerg
Gare Lëtzebuerg16,650
  Tunnel Gare Lëtzebuerg (413 m)16,954 - 17,367
Biisserbréck
Clausener Viaduc
Pafendaller Viaduc
Viaduc Dräi Eechelen
Gare Kierchbierg-Pafendall
Gare Dummeldeng20,830
Uschloss Arbed Dummeldeng/Eech
Gare Walfer24,004
Gare Heeschdref25,530
Gare Luerenzweiler28,161
29,111
A 7 Tunnel Nordstrooss (172 m)
29,283
Gare Lëntgen31,123
Gare Miersch34,735
Uelzecht
Gare Kruuchten40,845
Kruuchtener Tunnel (251 m)40,645 - 40,896
Uelzecht
Gare Colmer-Bierg43,232
Gare Schieren44,950
Uelzecht46,930
Uschloss Atertlinn
Gare Ettelbréck47,184
Ofzweigung Antenn Dikrech
Bierdener Tunnel (594 m)51,395 - 51,989
Tunnel vu Méchela (287 m)52,152 - 52,439
Gare Méchela53,255
Buerschter Tunnel (423 m)54,350 - 54,773
Tunnel Féischterhaff (447 m) 56,549 - 56,996
Gare Giewelsmillen57,746
Tunnel Schankewier (64 m) 59,872 - 59,936
Tunnel Schwaarzepull (81 m) 60,125 - 60,206
Tunnel Hockslee (143 m) 61,523 - 61,666
Gare Kautebaach62,021
Ofzweigung Wolz
Kierchbierger Tunnel (77 m) 62,260 - 62,337
Kautebaacher Tunnel (185 m) 62,810 - 62,995
Bierdener Tunnel (67 m) 63,141 - 63,208
Schibbreger Tunnel (236 m) 64,190 - 64,426
Lellgener Tunnel (179 m) 65,745 - 65,924
Gare Wëlwerwolz67,277
Gare Draufelt70,960
Mecher Tunnel (180 m) 74,050 - 74,230
Mecherbuscher Tunnel (84 m) 74,908 - 74,992
Schneidermuhler Tunnel (101 m) 75,862 - 75,963
Klierfer Tunnel (250 m) 76,503 - 76,753
Gare Klierf77,174
Gare Maulesmillen
(Zougemaach Dez. 2014)
80,983
Pafemillener Tunnel (190 m) 83,128 - 83,318
Gare Ëlwen85,562
Ëlwener Tunnel (166 m) 85,926 - 86,092
belsch Grenz93,431
Uschloss Gouvy

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 1 bezeechent; bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Linn 10 bekannt. Iwwer d'Streck fuere follgend d'CFL-Linnen(Stand: Januar 2025):

  • Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy)
  • Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
Remove ads

Geschichtleches

Duerch e Kontrakt vum 9. November 1855 huet de Lëtzebuerger Staat dem Banquier Adolphe Favier vun Nanzeg, an dem Stephane Jouve, engem Ingenieur och vun Nanzeg, d'Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht der Stad a Wäiswampech, via Dikrech an Ëlwen, ausgestallt. Fir ze héich Käschten z'evitéieren hat den éischte Plang vum Favier virgesinn d'Streck an der Ëmgéigend vu Stroossen vun der Linn Lëtzebuerg-Klengbetten ofzweigen ze loossen a se dann iwwer Koplescht a Schëndels op Miersch ze féieren. Virun allem déi déif Däller am Norden an Oste vun der Stad hunn dem Adolphe Favier a senger Wëllem-Lëtzebuerg Gesellschaft Suerge gemaach.

Dee Plang ass bei der deemoleger Regierung net gutt ukomm, well een d'Dummeldenger Schmelz onbedéngt iwwer d'Schinn ubanne wollt.

Well deemools d'Festung Lëtzebuerg nach vun de Preise besat war, hu sech d'Regierung an den Adolphe Favier am November 1856 an enger Konventioun drop g'eenegt, den Tracé iwwer véier grouss Viaduce laanscht d'Festung ze féieren. Op déi Aart a Weis waren d'Schinnen tëscht der zukünfteger Stater Gare an der deemoleger Gemeng Eech, am Radius vun de preisesche Kanounen an et huet nëmme missen am Pafendall een Duerchbroch gemaach ginn.

Well den Dall vun der Uelzecht tëscht Dummeldeng a Miersch breet genuch ass, konnt d'Streck ouni gréisser Aarbechten op der rietser Säit vum Dall lafen. Hanner Miersch gëtt den Dall méi enk, an et hu missen eng Rei Brécke gebaut ginn, fir iwwer d'Uelzecht ze kommen. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi duerch en Tunnel evitéiert gouf.

Fir op d'Héichte vum Éislek ze komme war eng Pente vun 0,3 % virgesinn, an de Bau vun der Streck sollt sechs Joer daueren.

D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli 1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit. A Wierklechkeet waren d'Aarbechten nach net ofgeschloss an et konnt een eréischt bis Schieren fueren. Ganz fäerdeg war d'Streck de 16. November 1862, zäitgläich mat der Streck op Dikrech a gouf a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau ageweit. Et goufen 3 Koppelen Zich den Dag, déi 1 Stonn an 20 Minutte gebraucht hu fir d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck an 8 Minutte fir weider op Dikrech.

Mat der Streck a Richtung Léck gouf am September 1862 ugefaangen. Bis de 15. Dezember 1866 gouf d'Streck bis op Ëlwen gebaut[1].

Uschlëss op der Streck:

Remove ads

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Federmayer, Ed, 2008. Eisenbahnen in Luxemburg S. 106-166.Wolfgang Herdam Fotoverlag
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads