From Wikipedia, the free encyclopedia
De Count Basie (fir richteg William Allen Basie), gebuer den 21. August 1904 zu Red Bank, New Jersey a gestuerwen de 26. Abrëll 1984 zu Hollywood, Florida, war en US-amerikaneschen Jazz-Pianist, Organist, Komponist an ee vun de bedeitendste Bandleader vum Swing.
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Count Basie | |
---|---|
Gebuertsnumm | William James Basie |
Gebuer | 21. August 1904 |
Gestuerwen | 26. Abrëll 1984 |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Pianist, Bandleader, Dirigent, Komponist, Autobiograph, Schauspiller, Jazzmuseker, Lidderschreiwer, Organist |
De Basie gouf als leschte vun de grousse Pianisten-Bandleader populär. Bal 50 Joer laang stoung hien un der Spëtzt vum Count Basie Orchestra, duerch dee vill Museker bekannt goufen, wéi d'Tenorsaxophoniste Lester Young an Herschel Evans, an d'Trompetiste Buck Clayton a Sweets Edison, a mat deem vill Sänger opgetruede sinn, wéi de Jimmy Rushing, d'Helen Humes, de Joe Williams, de Frank Sinatra, d'Judy Garland, de Bing Crosby, d'Ella Fitzgerald, den Tony Bennett an de Sammy Davis Jr.1980 hat hie seng lescht Europa-Tournée.
Hie krut 9 Grammyen a gouf 1985, fir säi Liewenswierk, posthum vum Ronald Reagan mat der Presidential Medal of Freedom ausgezeechent. Véier vu sengen Titele goufen an d'Grammy Hall of Fame opgeholl.
Commons: Count Basie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.